Den 8te Oktober ware mir, ewéi ëmmer ënnerstëtzt duerch eng ganz Parti kompetent Fräiwëelleger, an d’Lies. Mir soe jidderengem Merci deen eng Hand matt ugepak huet a freeën eis op de Joërgang 2016!
Oekofoire 2016
Dëst Joër huele mir un der Oekofoire vum 23.bis 25. September deel. Dir fand eis um Stand vu Bio-Lëtzebuerg, Standnummer 3C45.
Kommt bis lanscht!
Weider Infoen zur Foire op http://www.oekofoire.lu
18. Branebuurger Maart
Op der 18ter Editioun vum Branebuurger Maart si mir zwar net direkt vertrueden, mee Dir kënnt um Stand vun Natur&Emwelt eisen Wäin a Crémant schmaachen. An déi déi es net genuch kréien, kënnen en och gläich do kafen oder bestellen!
Weider Infoen op http://branebuurger-maart.lu/
De Maart ass e Sonndeg 17. Juli 2016 vun 10:00 bis 18:00.
Journée des Donateurs
Stand um Fest vun der Natur
Dëse Weekend verkafe mir um Fest vun der Natur (weider Infoen op http://www.naturemwelt.lu) eise Schampes a Wäin.
Kommt laanscht an drénkt e Patt matt eis!
Lies 2015
Generalversammlung den 12. März 2015
Den 12. März 2015 ass um 20:00 zu Kanech “A Wëllems” d’Generalversammlung vun eisem Club, wou ewéi ëmmer bäi engem Patt e Réckbléck op dat vergaangend Joër an en Ausbléck op dat neit geworf get.
Jiddereen ass häerzlech wëllkomm!
Lies 2014
Impressioune vum Branebuurger Maart
Rendez-vous um Branebuurger Maart
Dëse Sonnden, 20.7.2014 , ass eise Club matt engem Stand um Branebuurger Maart vertrueden.
Kommt laanscht an drénkt e Glas Gotteszorn oder eng Coupe Crémant matt eis!
Natirlech kënnt dir hei och Wäin a Crémant direkt matt heem huelen oder méi iwert eise Club an den kanecher Wéngertsbierg gewuer gin.
Méi Infoen zum Branebuurger Maart fand dir op http://branebuurger-maart.lu/ .