Eis eischt Internetpräsenz

Wëllkomm op der Säit vum

Kanecher Gotteszorn

Esou ass fréier de Wäi genannt ginn, deen um Kanecher Wéngertsbierg gewuess ass. Deemools woren d’Summeren nach manner waarm an de Wäi vill méi sauer.

Säit 1950 sinn  no an no d‘Wéngerte verlooss ginn. All? Neen! Ee Bio-Wéngert an de Bänke wiert sech verbruet dergéint, dass seng Maueren an Trapen afalen an d’Hecken hien erdrécken. An säi Schampes ass haut eng eemoleg lëtzebuerger Spezialitéit.