Fester

D’Organiséieren vun eegene Fester an d’Deelhuelen u Manifestatiounen an der Gemeng bidden eis Geleegenheet fir

  • anerer fir eis Zieler ze begeeschteren
  • iwwert d’ Schaffen am Club ze informéieren

 

Lies am Kanecher Bio-Wéngert

An der zweeter Halschent vum Mount September steet d’Lies an deem Wéngert un, dee mir no biologesche Grondsätz kultivéieren. Zesumme mat Frënn an Ënnerstëtzer vun dëser Iddi ginn op engem Samsdegmoien d’Drauwe gelies. Ofgeschloss gëtt dës flott Aktivitéit mat engem gemeinsamen Iessen am Wéngert.

 

Mullefest

Zanter 15 Joer lued de Club Enn Oktober op säi Mullefest an. D’Mullen ginn zoubereed an zervéiert mat de Produkter aus dem Kanecher Wéngert.
Rendez-vous fir dëst Joer: 18.10.2014

Pizzauewen um Duerffest

Kanech/Lennenger Duerffest

Um 3.Weekend am September hëlt de Club deel un dësem gemeinsame Fest mat aneren Clibb aus der Gemeng.
Während 2 Deeg offréiert de Club do Pizza aus dem club-eegene Pizza-Uewen, sou wéi seng Produits aus dem Bio-Wéngert.

Pizzauewen um Duerffest (2)

 

Rallye – Wanderung – Trëppeltour

Mir hate schonns vill flott Aktivitéiten an dësem Beräich, zbsp:

MINOLTA DIGITAL CAMERA

 

 

Eng geféierte Wanderung duerch de Wäibierg.

 

 

blanneblenkert

 

 

Eng Rallye zesumme mam Fëschveräin De Blanne Blénkert.

 

 

 

 

…, mee fir dëst Joer ass nach näischt Konkretes geplangt.

Dëst Joer – 20 Joer Clubbestoen
Eng Feier bäim Kiosk op der Kanecher Haardt ass fir den 28.Juni 2014
geplangt:

  • Réckbléck op 20 Joer Club mat animéierter Fotoshow
  • Ambiance mat flotter Musek
  • Pizza aus dem Holzuewe vum Club, Grill a Gedrénks (och aus dem Wéngert)