De Wéngertsbierg

De Kanecher Wéngertsbierg ass en 2 km laange Südhang voller Hecken, Drëchewisen, Bongerten, Schof- a Geesseweeden. Et erënneren nach just déi al Drëchemaueren a verwëldert Riewen un d’Kulturlandschaft vu fréier. A matten dra läit de Bio-Wéngert!

wengertsbierg1

De Kanecher Wéngertsbierg ass en 2 km laange Südhang voller Hecken, Drëchewisen, Bongerten, Schof- a Geesseweeden

wengertsbierg2

Matten am Wéngertsbierg läit de Bio-Wéngert

 

Et erënneren nach just déi al Drëchemaueren a verwëldert Riewen un d'Kulturlandschaft vu fréier

Et erënneren nach just déi al Drëchemaueren a verwëldert Riewen un d’Kulturlandschaft vu fréier

An der Natur vum Kanecher Wéngertsbierg fills de dech wéi an der Vakanz:

  • schonn am Februar, wann d’Sonn an de Südhang dréckt, kanns de d’Jackett ausdoen
  • am Fréijor bléien d’Hecken, datt et e Genoss ass
  • am Summer, bei guddem Wieder a wann et eng Zäitchen net gereent huet, mengs de du wiers am Maquis op Korsika
  • am Hierscht liicht de ganze Bierg an de schéinste Faarwen

 

Mir praktizéieren do biologesch-organesche Landbau a verzichte bewosst op chemesch-synthetesch Planzeschutzmëttel, Herbiziden a Konschtdünger.