De Bio-Wéngert

DSC_0093

Infos zur Lag
Am Kanecher Wéngertsbierg ware fréier vu Gouschteng bis op Kanech Wéngerten.
Haut sin nach just e puer Hektar do am Erdrag.
De Wéngert as nach a Bänken (Terrassen) mat alen Dréchemaueren, vun Natur ëmgin a ganz no Süden hin orientéiert.

 

DSC_0074
Déi eelsten Elblingsriewen sin an de 50er Jaren ugeplanzt gin, de Pinot Noir eréischt am Jar 2003 op enger Nopeschparzell.

 

 

 

 

Am ale Wéngert goufen Deeler ausgehan an Elblingsriewen duerch Pinot Blanc Planzen ersat.
Wann den Erdrag bis grouss genuch as, denke mir drun, och eng Cuvée Pinot Blanc auszeschaffen.

Gréißt vum Arealwengertsbierg2
Elbling 41 a
Pinot Noir 15 a
Pinot Blanc 10 a
- Historique
D’Propriétairen hun de Wéngert Mëtt der 90er Jaren opgin a wollten den Terrain brooch leie loossen.

 

 

D’Stëftung Hëllef fir d’Natur huet de Wéngert opkaf an eiser Sektioun Lenneng-Kanech vun der Natur&Emwelt zur Verfügung gestallt.
1995 hu mir den éischte Biowäin vu Lëtzebuerg op de Maart bruecht.
Am Jar 1997 krut eise Projet den 1.Präis vum Henri Ford Conservation Award fir Lëtzebuerg.
Dono huet de Projet op europäeschem Plang och nach den 3.Präis kritt.
Dës Präisser waren nieft der Unerkennung fir eis Initiativ och nach eng wëllkomme finanziell Ennerstëtzung.

Am Laf vun de Jaren sin eenzel Mauerdeeler gefléckt gin.wengertmauer1
Déi wichtechst Mauer, déi vun der ënneschter Terrass, gouf mat Hëllef vum Schwäizer Expert Martin Schulz a mat der finanzieller Ennerstëtzung vum Emweltministère tëscht 2012 – 2013 komplett restauréiert.
Fir déi nächst Jaren as virgesin, nach weider Maueren an d’Reih ze setzen.

 

 

 

 

Archiv Dokumentatiounen

Geoportal – Wéngert Iwersiicht

Geoportal – Wéngert Iwersiicht am detail