18. Branebuurger Maart

Op der 18ter Editioun vum Branebuurger Maart si mir zwar net direkt vertrueden, mee Dir kënnt um Stand vun Natur&Emwelt eisen Wäin a Crémant schmaachen. An déi déi es net genuch kréien, kënnen en och gläich do kafen oder bestellen!

Weider Infoen op http://branebuurger-maart.lu/

De Maart ass e Sonndeg 17. Juli 2016 vun 10:00 bis 18:00.

Journée des Donateurs

Den 2te Juli 2016 huet natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur hir Journée des Donateurs ofgehalen, begleed duerch eng Visite am kanecher Wéngertsbierg.

Als klenge Merci kruten d’Donateur’en eng Fläsch vun eisem Crémant matt heem.

Photo officielle

Lies 2015

Dëst Joëer war eise Club, ewéi ëmmer ënnerstëzt duerch eng Partie Fräiwelleger, den 3. Oktober an d’Lies. D’Qualitéit vun den Drauwen war exzellent a mir erwarden eis e gudde Joëergang 2015.

E grousse Merci jidderengem deen gehollef huet!

d'Lieséquipe 2015

Lies 2014

Den 27. September war eise Club matt enger ganzer Rei Fräiwëllege zu Kanech am Wéngertsbierg an der Lies. Mir soen jiddwerengem Merci fir séng Hëllef a freeën eis op de Wäin 2014.

lies 2014 grupp

bidden drauwen