Lies 2022

2022 waren mir wiederbedéngt besonnesch fréi an d´Lies – schons den 10. September!

Iwwer 30 motivéiert Fräiwëlleger hunn de Wee an den kanecher Wéngertsbierg fond fir eng Hand matt unzepaken. Hinnen soen mir e grousse Merci. No Pandemie-bedéngter Paus konnte mir 2022 endlech d´Lies och ewéi gewinnt erëm matt engem Mëttegiessen am Wéngert an e puer gudde Pätt ausklénge loossen.

WhatsApp Image 2022-11-29 at 15.49.58 (1)

WhatsApp Image 2022-11-29 at 15.49.58

Lies 2019

Matt enger Rekordzuel vu fräiwëllegen Hänn si mir den 28. September 2019 zu Kanech an d’Lies gaangen. Richteg Chance hate mir mam Wieder, a konnten propper Drauwen liesen matt em déi 82 °Oechsle. Mir rechnen matt 1100 Fläschen Crémant.

Merci un all déi déi gehollef hunn!

 

DSC_0120

Lies 2018

Matt e besi Verspéidung kënnt hei de Bäitrag zur Lies 2018 ;-)

Wéinst dem warme Wieder konnte mir schons relativ fréi, den 22. September am Wéngert urappen. Ewéi ëmmer konnte mir eis op vill fläisseg fräiwëlleg Hänn verloossen, déi dann och matt guddem Kascht an engem Glas Spruddel belount goufen.

Mir rechnen matt 4000 Fläschen Wäin. 73°C Oechsle, bäi exzellenter Qualitéit. Also en immens gutt Joër!

E grousse Merci u jiddereen, deen gehollef huet!

DSC_0373

Verkaf an der Naturata

An enger Rei vun de Geschäfter vun der Naturata (Minsbech, Rollénger Gronn, Merl, Diddeléng, Ierpeldéng bäi Ettelbréck) kritt dir elo och eise Wäin a Crémant ze kafen :-)

E grousse Merci un d’Naturata fir dës Méiglechkeet an déi wonnerbar Kooperatioun!

Lies 2017

E Samsdeg den 16. September ware mir, wéinst dem warme Fréijoër e besi méi fréi ewéi soss, an d’Lies. An déckem Niwwel hu mir ugefaangen, fir dunn bäi enger perfekter Hierschtsonn ewéi ëmmer den Apéro ze drénken an e gudde Maufel ze iessen.

Esouwuel matt der Quantitéit ewéi matt der Qualitéit vun den Drauwen si mir déck ze fridden. Deene ville fläissegen Hänn soe mir e grousse Merci fir d’Hëllef an freeën eis schons op déi nächst Lies. Mee nach vill méi freeë mir eis op den Joërgang 2017!

IMG-20170916-WA0003IMG_4697

Lies 2016

Den 8te Oktober ware mir, ewéi ëmmer ënnerstëtzt duerch eng ganz Parti kompetent Fräiwëelleger, an d’Lies. Mir soe jidderengem Merci deen eng Hand matt ugepak huet a freeën eis op de Joërgang 2016!

2016_Lies_canech_009